
1. Remis vun der Saison
Medernach-Mertert/Wasserbelleg
Sonnden Nometten um Bloen Eck an keng Goaler sin gefall!
Een spannenden Match huet sech haut um Nometten zu Stegen ofgespillt.
Eisen Ante Bukvic huet no 90 Sekonnen een Käpper no Korner op Latt gesaat. 3 Minutten drop gouf et 11m fir Mertert an den Loic Parnasse konnt dessen pareieren. Dono war Mertert eng Zäit um Drecker mee mir sin besser an de Match komm.
Zweet Halschent war een openen Schlagabtausch, beid Goalkeeperer waren haut gaanz staark an konnten 0 hannen haalen, an domadd huelen mir um 8ten Spilldaag eisen eischten Unentschieden fir des Saison!
Opstellung: Parnasse, Bukvic, Malheiro Martins, M. Martins, T. Martins, Tebboub, dos Santos (58. Maillet), Gallois, Lopes Gomes, Kneip (70. Ferro), Yagremongo (89. Dammicco).