3 wichtig Punkten zu Esch entfouert

3 wichtig Punkten zu Esch entfouert

US Esch-Medernach
 
No der Néierlaag leschte Weekend doheem géint Mersch, stoung dese Sonnden um 4. Spilldaag e schwéiere Match bei der US Esch um Programm, wou déi lescht Joeren all Kéiers Kiischten ganz héich houngen an een baal emmer mat eidelen Hänn zreckkoum.
 
No engem haart emkämpfte Match mat villen Diskussiounen an Nervositéit konnt sech schlussendlech Medernach mat 3-0 duerchsetzen an sech déi 3. Plaatz an der Tabelle zreckkämpfen.
 
Goaler fir Medernach hu geschoss:
 
1-0: Jeoffrey de Oliveira  (10.Minutt)
2-0: Sabian Yagremongo (91. Minutt)
3-0: Pedro Dos Santos    (92. Minutt) 
 
Nexte Weekend geet et op Kiermessonnden weider mam Spetzematch geint den Tabellenzweeten vun Mamer wéi gewinnt em 1600 um Bloen Eck. (Covid-Check Event)
 
Jongen zielen op aer Ennerstetzung !!