4. Victoire am Spetzematch

4. Victoire am Spetzematch

Medernach-Mamer
 
 
Am Spetzematch um 5. Spilldag stoungen sech Medernach, 3. an der Tabell an Mamer, 2. an der Tabell e Sonnden Metten um Bloen Eck geint iwwer.
 
An engem taktesche an ofwardene Match war et Mamer, déi konnten no enger flotter Cornerkombinatioun, duerch den Ex-Nationalspiller Joel Pedro an der 19. Minutt a Féierung goen. Bis Paus sollt sech och näicht méi um Score änneren.
 
Nom Pausentéi, huet een en anert Gesicht gesin vun der Medernacher Ekipp, all Mannschaftsdeel stoung méi héich um Terrain an de Géigner gouf mat engem agressiven Pressing méi wéi eemol a Verleegenheet bruecht, wourausser och den 1-1 duerch den Len Kneip an der 49.Minutt an den 2-1 duerch den Jeoffrey (7. Goal des Saison!!!) an der 54. Minutt entstaane sin.
 
Mamer konnt just nach eemol an der 78. Minutt mat engem ball knapp iwwert Laat op sech opmierksam man, sou dass et no 90 Minutten beim Score vun 2-1 fir Medernach bliwwen as.
 
Nexte Sonnden geet et rem an de Süden, wou Medernach op den Tabelleleader Kaerjéng trefft a wou am Fall vun enger blo-wäisser Victoire d'Tabelleféierung waert wenken. Upeff as em 1600 zu Kaerjéng um Dribbel.