
5. Victoire fir Blo-Waiss Medernach
Medernach-Bissen
Um 10. Spilldaag konnt den FC Blo-Wäiss Medernach seng 5. Victoire fir des Saison verbuchen mat engem um Enn dach däidlechen 3-0 geint den Noper an Tabellenoper vun Bissen.
Medernach huet direkt mam Upeff Vollgaas gin a konnt an den éischten 20. Minutten mat e puer gudde Chancen op sech opmierksam man an des liicht Feldiwwerleegenheet och no engem schéine Sololaaf vun 70 Meter mam 1-0 vum Sabin kréinen.
Dono as Bissen och besser an de Match komm, mee bis op e Schoss op de Poteau an der 25. Minutt as bis Paus net mei vill geschitt.
No der Paus huet et bis zur voller Stonn gedauert bis Medernach erem liicht Iwwerhand krut an dunn och mat 3-4 excellente Goalchancen vrun allem duerch de Sabin geféierlech vrum Bisser Goal opgetaucht sin.
An der 77. Minutt as den 2-0 gefall, wou e Verteideger vu Bissen eng Flank vum Da MAta onhaltbar an den eegene Goal gesaat huet.
De Schlusspunkt huet de Sabin an der 90. op 11 Meter gesaat an de Score op 3-0 geschrauft an 3 ganz wichteg Punkten um Bloen Eck gesechert hun.
Nexte Weekend geet et Samsdes owes an der Coupe em 1800 Auer geint de Champion Fola Esch an de Weekend drop am Championnat weider geint den direkten Konkurrent vu Jonglenster.