5te Match um Steck ongeschloen

5te Match um Steck ongeschloen

Mertert-Wasserbelleg hat an der Ufanksphase puer Chance fir a Feierung ze goen mee den L. Parnasse huet Null gehaalen. Eis Equippe ass dun iwer Standards vum Kapitän D. Pereira besser an de Match komm.
 
An der Nospillzäit vun der eischter Halschent war et den V. Lopes deen no engem Freistousshummer vum D. Pereira de Ofstauber verwandelen konnt.
 
An der zweeter Halschent hun mer eis dun mei Chancen rausgespillt an no engem Ofspillfeeler vun der UMW konnt den agewiesselten T. Palma mat engem strammen Schoss aus 18m fir eng eischt Virentscheedung suergen. 
 
Och eng Giel-Roud geint den Torschütze vum 0-1 huet neischt um Matchverlaaf geännert. Mat sengem 15 Saisongoal huet den J. de Oliveira fir den Schlusspunkt gesuergt.