Cadettes an Cadets Finalen um Bloen Eck

Cadettes an Cadets Finalen um Bloen Eck

Schlag op Schlag geet et mam Fussball an der Summerpaus weider. Ass en Samschden, ewéi schonn erwäänt, den 3. Challenge A.A.C.S.P.L. bei eis um Bloen Eck stinn e Sonnden zwou Finalë vun der FLF um Programm.

Em 14h30 ass Upaff fir Championnats Final bei de Cadettes tëschent dem FC Mamer 32 an dem Racing FC Union.

Em 17h30 ass et dann un de Cadets, do stinn an der Coupe Final Young Boys Dikrech dem Racing FC Union géigeniwwer.

Fir béid Matcher ass d'Entrée gratis.

Mir hoffen op zwee spannend a flott Matcher an engem gutt gefëllte Stade Bloen Eck.