Championnat Saison 2021/2022

Championnat Saison 2021/2022

  • Dëse Samschden, 14/08/2021, rullt de Ball endlech nees fir déi nei Saison 2021/2022. Um 18:00 empfänken eis Jongen hei um Bloen Eck den FC Berdenia Berbourg. De Match leeft ënnert de Reegele vum Covidcheck. Dofir ass d'Unzuel um Site op 300 Leit limitéiert. Dir musst also entweder geimpft, genesen oder getest sinn. An deenen 3 Fäll ass een Zertifikat onbedéngt virzeweisen! E Schnelltest gëtt vum Veräin NET zur Verfügung gestallt, dofir kënnt dir awer gären ee matbréngen an en gëtt SUR PLACE gemaach. Eis Buvette an de Grill wärten och fir Iech op sinn. Mir hoffen op är Ënnerstëtzung fir den FC Blo-Wäiss a probéieren d'Punkten um Bloen Eck ze behalen.

!!! Limitation de 300 personnes max. au site !!!