Championnat Saison 2021/2022

Championnat Saison 2021/2022

Haut kennt et dann zum drëtte Spilldag an der Éierepromotioun an den FC Marisca Miersch  kennt op Besuch op de bloen Eck. Konnte mir aus den éischten zwee Spilldeeg de Maximum vu 6 Punkte raushuelen, huet de Géigner Miersch no 2 Néierlage bis lo nach kee Punkt op hirem Compte. Wei gewinnt fënnt de Match ënnert de Reegele vum CovidCheck statt. Dir kënnt och ären eegenen Testkit matbréngen, musst en awer sur place maachen. Mir hoffen op e gudden a faire Match an hoffen natierlech och des 3 Punkte bei eis doheem ze behalen. Allez FC Blo-Wäiss.