Eischte Punkt doheem

Eischte Punkt doheem

Drëtt Equippe erkämpft sech hannert enger staarker Goalkeepsleeschtung den éischte Punkt an engem Heemmatch des Saison. Hallschent war Réimech kloer besser an ass frei a Féierung gaang.

Dono hate sie eng Aart Chancenwucher a mir kenne frou si mat nëmmen engem Goal Réckstand an d'Paus gaang ze sinn. Leider koum dunn mat der Verletzung vum Donny Hoffmann zur Paus eng kleng Hiobsbotschaft, eng gutt Besserung vun dëser Säit.

Den Trainer Schieres hat Equipe awer fir zweet Hallschent gutt agestallt, Defensiv stounge mir besser an offensiv hate mer dei eng oder aner Chance. Verdéngt koum dunn duerch eng schéin Aktioun iwwert Säit samt Pass an d'Mëtt den Ausgläich.

Eng Partie op Aaenheischt war et dunn, wou Réimech per Konter nach déi eng oder aner Chance hat, mee de Yannick Schmitt am Goal huet de Punkt mat staarke Parade festgehalen!

Fir sie steet haut an enger Woch, Dënschden den 30.11, doheem de leschte Match, Nodrosmatch géint Koplescht, virun der Wanterpaus um Programm.