
Endlech eng Heemvictoire
Nierwend dem eischte Heemgoal kennen mir och dei eischte Heemvictoire op dessem Sonnden Nometten feieren.
An enger kampfbetonter eischter Halschent war et den Isidro no Korner deen per Dropkick-Volley an de laangen Eck den 1-0 markeiern konnt. Sein zweeten Saisongoal. Mat dessem Resultat ass et an Paus gaan.
Direkt no der Paus kruet Remeleng eng Roud weinst Tätlechkeet. An der Schlussphas war et dann den Schimei per 11m deen dessen eiskaal zum 2-0 versenkt.
An mat dessem Resultat geet et op en Enn. Den eischten Heemgoal, dei eischten Heempunkten an dei eischte Victoire geint Remeleng. Mam 6-0 vun eisen Cadets virdrun an der Coupe geint Cebra war et een perfekten Sonnden fir Blo-Wäiss.
Weider geet et fir eis eischt Equippe e Sonnden an der Coupe de Luxembourg, heiheem em 15h00 geint Luxembourg City.