
Eng weider Nidderlag zu Weiler
Weiler-Medernach
Um 7.Spilldaag stoung e weideren Auswaertsmatch um Programm wou et an enger iwwer wäit Strecken schwaacher an zerfourener Partie vun béiden Ekippen eng 2-1 Victoire fir Haushaeren vu Weiler gouf.
De Goal fir Medernach huet de Joel Da Mata an der 1.Minutt geschoss, Goaler fir Weiler goufen vum Nennig (8.Minutt) an Ghaz (34. Minutt) markeiert.
Leider negativ erfierzehiewen war nierwt dem schwaache Match och eng indiskutabel Arbiterleeschtung, woubäi einfacht Trikot zupfen grad sou haart bestrooft gouf ewéi virsaetzlech Tätlechkeet an sou de Match negativ am Endeffekt beafloost gouf an een sech och mol muss Fro stellen waat am Endeffekt d'Roll vun den Schiedsrichterassissten as.
Nexte Weekend geet et weider an der Coupe de Luxembourg, wou Medernach sech an den Norden déplacéiert an e Sonnden den 3/10 zu Eschduerf géint Heischent spillt.