Jugendofschloss 2022

Jugendofschloss 2022

En Sonnden, den 19.06.2022 organiséiere mir ee Jugendofschloss Fest um Bloen Eck.

Lass geet et ab 10h30 mat engem klengen Tournoi fir eis Bambinis a Pupilles.

Mëttes ass et dann un de Poussins a Minimmes.

Am Nomëtte stinn dann zwee Ofschlossfrëndschaftsmatcher um Programm:

Scolaires spille géint Chrëschtnech a Cadets géint Mäerzeg.

Kommt also alleguer laanscht an ënnerstëtzt Kanner, Zukunft vum Veräin.