
Keng Punkten vu Monnerech mat heem bruecht
Monnerech-Medernach
Um 9. Spilldag stung de Match géint Monnerech um Programm. Schnell loungen déi Blo-Wäiss mat 0-2 a Reckstand an haaten et dono schweier, geint eng ofwardend, mee clever spillend Ekipp vu Monnerech, déi am Laaf vum Match all Feeler äiskaal bestrooft hun an sou de Score op 5-0 konnten setzen an hier 2.Tabelleplaaz gefestegt hun.
Goaler hu geschoss fir Monnerech: M'Barki (17, 55 an 87. Minutt), den El Guerrab (3. Minutt) an den Bekhaled (67. Minutt)
Negativ ze erwähnen bleift de verschossenen Elefemeter vum Sabin Yagremongo an der 28. Minutt an déi giel-rout Kaart fir de Michy Martins an der 76. Minutt, wou den Monnerecher Stadionspriecher op eng onfair a respektlos Manéier gemengt huet eng 2. giel Kaart per Mikro beim Arbiter anzekloen. Sou Aktiounen hun bei all Emotioun näicht op engem Terrain verluer an hoffen dass déi Monnerecher Verantworlech och sou eng Aktioun net können gudd heeschen.
Nächste Match as en Sonnden de Metten em 16.00 um Bloen Eck am Derby geint Attert Bissen, en direkten Noper an der Tabell, wou et em 3 ganz wichteg Punkte geet fir den Ofstand op Ofstiigsplaazen weiderhin ze haalen an souguer auszebauen.