Klassenerhalt

Klassenerhalt

Wat een Match! Wat eng Spannung an Dramatik hei um Bloen Eck!
 
No enger kuerzer Ennerbriechung vum Match, huet Schieren den 0-1 geschoss 
Kuerz virun der Paus war et den Malheiro Joao deen vun engem Messverständnis an der Schierener Defense profiteiern konnt.
 
No der Paus war et den selweschten Spiller, deen den 11m, net nemmen rausgeholl huet, mee och verwandelt huet.
 
Desse Reckstand konnt Schieren ausgläichen an dat grousst Zidderen war amgaan, well no Zweschenstänn waren mir op enger Barrage.
 
Mee dun war et den agewiesselten Goncalves Bryan deen den ennerscheed gemaach huet. Fir eischt per Abstauber mam Kapp no engem herrlechen Freistouss vum Mendes op Kräiz, an dann emgedreint Korner Goncalves Kappball Mendes an Entscheedung war gefall.
 
An der leschter Sekonn konnt Schieren nach fir Ergebniskosmetik suergen.
 
Den Jubel nom Match ass grouss an Erliichterung och, eng 5t Saison Eirepromotioun steet virun eis.
 
Gleckwonsch un Equippe an dem gaanzen Staff fir dessen Exploit.