Mamer-Medernach

Mamer-Medernach

Ongeschloen an der neier Saison!

 

Am Virfeld vun der Partie géint den FC Mamer huet d’Trainerteam ronderem den Oli missten direkt op puer Spiller verzichten. Mat enger liicht verännerter Formatioun gung et dunn zu Mamer lass.

 

Bei sonnegem Wieder an trotz zouener Buvette hat een nawell Loscht op Fussball. Et hunn sech net wéineg Miedernacher Zuschauer bis op Mamer getraut. Déi konnte schonn no 13 Minutten eng Grousschance vum Sabbin beobachten. De Mamer Keeper konnt de Ball sou just nach laanscht de Potto lenken. Eng Minutt drop huet de Sabbin no engem Corner um 2ten Potto gelauert a konnt per Volley den 0:1 markéieren.

 

Knapps 5 Minutten drop stung de Vanderlei no perfekter Viraarbecht vum Joeffrey virum Mamer Keeper, deen awer mat engem onwarscheinlechem Reflex a beschter Handballsmanéier den 0:2 verhënnere konnt.

 

No do dëser gudder Miedernacher Ufanksphas koum et zu puer Verletzungsënnerbriechungen. D’Spill war eng Zäit ënnerbrach an de Spillfloss war op béide Säite futti. An der 36ter Minutt ass den 1:1 aus dem Näischt gefall. Op Mamer Säit konnt de Jager no enger Flank an d’Mëtt verwandelen. Net laang duerno ass dunn och den 2:1 per Handeelefmeter gefall. 3 Matcher, 3 Eelefmeter; dat kann dem Trainer net gefalen.

 

Nom wichtegen 1:0 aus Miedernacher Siicht hu mir leider misste mat engem 1:2 an de Vestiär goen. An der zweeter Hallschent huet Miedernach missten opmaachen a Mamer konnt op Kontere laueren. Sou hat och de Semedo an der 57ter Minutt eng grouss Chance op eng kleng Virentscheedung. De Loic konnt allerdéngs klären an huet an dëser Aktioun eis Equippe am Spill gehalen. Just 2 Minutten drop huet den Dan et per Fräistouss aus gutt 30 Meter probéiert. De Goalkeeper huet misste mat de Fäischt ofwieren.

Miedernach huet sech an dëser Phas schwéier gedoen a konnt net vill zwéngend Goalchance rausspillen. Mais och Mamer huet net méi vill no fir gemaach an éischter ofgewaart wat Miedernach mécht.

 

An der 72ter Minutt schéckt den Dan Pereira den Joeffrey an de Laf, deen sech mat Vitesse duerchsetze kann an op eemol aus spatzem Wénkel op de Goal schéisst. De Keeper kann nach paréiere mais muss awer beim Noschoss nokucke wéi de Ball am Goal zappelt. 2:2 an nach gutt 20 Minutten ze spillen. Déi Miedernacher sinn op d’Ganzt gaangen a konnte schonn 3 Minutten drop markéieren! De Linneriichter huet dem Jubel awer schnell en Enn gesat: De Joao huet wuel aus enger Abseitssituatioun eraus getraff. Dobäi huet de Joao, deen haut op ongewinnter Positioun am Mëttelfeld gespillt huet, sech och nach verletzt a huet missen ausgewiesselt ginn.

 

Nach an Ënnerzuel, well de Joao bausse behandelt ginn ass, konnt Miedernach an der 77 Minutt duerch den agewiesselten Dammicco Luca den 2:3 schéissen. Bis zum Schluss war et spannend, mais no 90+X Minutten steet déi éischt Victoire an der neier Saison!

 

Fazit: Ongeschloen, 5 Punkten no 3 Matcher. Dat léisst sech weisen mécht Loscht op méi. Bemierkenswäert ass d’Moral vun der Equippe, déi sech net opginn huet an nom 2:2 onbedéngt gewanne wollt.

 

Sonnde geet et géint Steesel mat eisem Ex-Trainer, dem Pedro. RDV um 16:00 Auer um Bloen Eck.