Medernach-Mersch

Medernach-Mersch

2. Victoire fir des Saison

Bei freschen 8 Grad um Bloen Eck konnt ee gespannt sin, wéi Ekipp vu Medernach géing op Nidderlaag vu leschter Woch geint Steesel réageieren. No der Sperre geint den Trainer Olivier Lickes an den Verletzungssuergen an der Ofwier (ouni Bukvic an Dany Pereira), gouf Ekipp erem emgebaut a sou stoung de Joel da Mata fir säin éischten offiziellen Match fir Medernach um Terrain an daat op der dach éischter ongewinnter rietser Sait an der 4-Ofwierkette. Desweideren war och de Pedro Ferro no senger Sperre fir déischt des Saison am Kader an huet am Ufank vum Match Plaaz op der Asatzbänk geholl.
Déi eischt 20 Minutten vum Match haat och Mersch kloer en Chancenvirdeel an konnt sech net manner wei 4 Steck an daer Zait erauspillen an huet déi nei Medernacher Ofwier méi wéi eemol un wackele bruecht ouni awer Profit drauszezéihen. Medernach par contre haat just eng Chance duerch den Jeoffrey, deem säi Kappball an der 4. Minutt ze schwaach war fir den Merscher Goalkipper ze iwwerwannen.

Dono as de Match e wéineg verflacht mat ville Feeler am Mettelfeld.

An der 34. Minutt war et dunn awer souwait, erem en déife Flaachpass an Schnettstelle vun der Medernacher Ofwier an den Ivo Correia dos Santos haat keen Problem fir de Ball flach ennen an den Eck ze schéissen an Mersch mat 1-0 an Féierung ze brengen.
Medernach huet awer nemmen kuerz drop an der 36.Minutt op déi kaal Dusch réagéiert an no feiner Eenzelleschtung vum Jeoffrey an enger Pass riwwer op de Sabin trefft deen de Ball net richteg a verzitt aus kuerzer Distanz.

Sou as et dun och mat der knapper Merscher Féierung an Paus gaangen.

No der Paus gouf et direkt e Wiessel op Medernacher Sait, den pedero Ferro huet den Thiago Magalhaes ersaat an Marschrichtung fir déi 2. 45 Minutten war kloer offensiv. Sou huet et och just bis an déi 53.Minutt gedauert bis et zum Ausgläich koum, no engem Rempler um Sabin gouf et Elefmeter, deen de Pedro Ferro äiskaal mat engem Schrett Ulaaf erangesaat huet. Medernach as weider um Drecker bliwwen mat Chancen am Minuttentakt an an der 59. Minutt huet de Sabin sech mat engem saaten Schoss aus 18 Meter selwer fir seng gudd Leeschtung belount an huet de Score op 2-1 gesaat.

Mee well et jo um Bloen Eck zumols an der 2.Halschent seelen langweileg get, huet den Arbiter Jährmarcker an der 60. Minutt erem op de Punkt gewisen an daat no engem Foul vum Joel da Mata um Merscher Stiermer, de Joel konnt sech an daer Aktioun glecklech schätzen fir net mat Giel-Rout fréizäiteg an Dusch gescheckt ze gin. Mat enger exellenter Parade konnt de Loic den 11er haalen an huet sou weider fir Medernacher Féierung gesuergt.

Vun deem Moment un as de Match och méi hetzeg gin, de Merscher Trainer Hunnewald huet den Verteideger Wohlfahrt erofgeholl, op 3er Kette emgestallt an offensiv relativ fréi alles op eng Kaart gesaat.

Allerdengs gouf sai Risiko net belount well an der 81.Minutt war de Sabin rem zu Stelle an huet no Flanke vum Tony Lavinas Barrela äiskaal zum 3-1 markeiert. Nemmen 1 Minutt drop haet de Pedro dos Santos kéinten Katz an de Saak stiechen mee hien huet alleng vrum Goal ze laang gewaard an verzitt aus kuerzer Distanz.

Sou koum et dun wei et meeschtens kennt, an der 85. Minutt konnt Mersch duerch den Tun Held aus kuerzer Distanz de Loic iwwerwannen an op 3-2 verkierzen.

An der 87. Minutt koum et dun nach zu enger kurioser Szene; de Sabin leeft alleng op de Goal get vum Verteideger an de Reck gestouss an fällt op de Goalkipp, deen aus dem Stroofraum erauskomm as, Resultat vum ganzen, e Goalkipp deen kuerz KO gaangen as (op desem Wee gudd Besserung fir den Andre Bill) an och huet missen no laanger Behandlung ausgewiesselt gin an och nach vum Arbiter giel Kaart krut, wou déi meescht Leit awer éischter der Meenung waren, dat et haet missen Rout fir de Verteideger gin. Och kurios, dass während der Behandlungspaus, déi 7 Minutten gedauert huet, en Merscher Spiller um Terrain mam Handy telefonéiert huet.

Mersch huet du missen zu 10 weiderspillen an e Feldspiller as fir déi lescht Minutten an de Goal gaangen, wou et 8 Minutten Nospillzait goufen a wou Mersch alles op eng Kaart gesaat huet a mat 2 Fräistéiss an der 96. an 99. Minutt nach eemol déi Medernacher Ekipp an Supporter zidderen gedoen huet bis den Arbiter schlussendlech an der 102. Minutt de Match mat enger Medernacher Victoire ofgepaff huet.

Fazit : Medernach koum no der Nidderlaag geint Steesel schwéier an de Match an huet eréischt nom Reckstand, dunn an der zweeter Halschent gewisen, dass Moral an de Kampfgeescht an der Ekipp méi wéi intakt sin an et kann een sech froen wou de Wee vun der Ekipp hiféiert wann den Trainerstaff mol eemol all Spiller zur Verfügung huet an net all Match wéinst Verletzungen op 2-3 Plaazen d'Ekipp misst embauen.

Nexte Weekend geet et weider mat engem schwéieren Auswärtsmatch am déiwe Minett, e Samsden Owend em 1900h zu Monnerech, wou Medernach waert weider probéieren fir Punkten ze kréien an sech am éischten Tabellendrettel festzebäissen.