Medernach-Steinsel
1.Saison-Nidderlaag
Nom gudde Start an déi nei Saison mat 5 Punkten aus 3 Matcher wollt den FC Blo-Waiss Medernach de Metten och e Schlussstrech ennert dei schwarz Serie vun 9 net gewonnenen Matcher geint Steesel en Enn setzen.
D'Ekipp vu Medernach huet verletzungsbedengt op den Joao Martins missten verzichten, dem seng Plaaz vum Pedro dos Santos iwwerholl gouf, deen erem zur Verfügung stoung.
Bei perfektem Fussballwieder um Bloen Eck as de Match schwéier an Gäng komm mat engem Oftaaschten vun den zwou Ekippen, ouni dass eng Ekipp sech keint eng konkret Goalchance erausspillen.
Leider waren déi eischt Aktiounen leider verletzungsbedengt geschëllt, an der 15. Minutt huet den Dany Pereira missen ausgewiesselt gin an et sollt nach schlemmer kommen an der 27. Minutt, wou och den Ante Bukvic emgekneckt as an och hien huet miisen vum Terrain erof, sou dass den Trainerstaff Ofwierformatioun schons konnt op lenks dréinen.
Bis Paus sollt sech och bis op eng Goalchance vum Steeseler Ken Risch bleiwen a sou goung et mat engem 0-0 an Paus an engem Match bis dohinner mat weineg Spillfloss a villen takteschen Feeler am Mettelfeld, déi méi wéi eng Kéier den Arbitertrio an de Mettelpunkt gestallt hun.
No der Paus konnt ee just hoffen dass de Match besser keint gin, a sou war et dann och an der 56. Minutt den 1-0 fir Steesel wou de Medernacher Goalkipp de Ball no engem Fraistouss nach konnt un de Poteau lenken, mee am Noschoss de Brian Rouffignac aus abseitsverdächteger Situatioun konnt markeieren.
Dono as de Match erem mei hektesch gin an Medernach koum zu enger Chance an der 65. Minutt duerch hieren Kapitän Dan Pereira, deem sai Fraistouss knapps iwwert Laat vum Steeseler Goal goung.
An der 67. Minutt konnt Steesel no engem Corner dunn den 2-0 markeieren, de Medernacher Goalkipp konnt de Ball net festhalen an de Ken Risch war op der Plaaz fir aus kuerzer Distanz ze markeieren.
An der 75. Minutt huet den Arbitter dunn zu allem Iwwerfloss och nach dem Medernacher Trainer Olivier Lickes déi rout Kaart gewisen, well senger Meenung no sech ze hefteg geint seng heiansdo diskutabel Décisiounen opgereegt gouf.
An der Schlussphase haat Steesel nach eng gudd Chance fir den Deckel op de Match ze man an an der 84.Minutt konnt Medernach sech och nach eng Keier weisen a Persoun vum Dany Lavinas deen de Ball op Konter net am Steeseler Goal konnt ennerbrengen an sou haet kéinten an der Schlussphase de Match nach eemol spannend man.
FAZIT:
An engem spilleresch schwache Match konnt am Endeffekt Steesel verdengt gewannen ouni spilleresch ze iwwerzeegen, och well Medernach net wéi an den leschten 3 Matcher hiert schnellt Spill iwwert Saiten konnt opzéihen a leider mat 2 Verletztener an enger rouder Kaart geint de Coach éischter e spuersamen Nometten um Bloen Eck haat.
Nexte Sonnden as den Geigner Marisca vu Miersch, des Keier erem um Terrain zu Stegen an daat wei gewinnt em 1600h, wou Ekipp waert probeieren no deser klenger Déceptioun vun haut erem 3 Punkten anzefueren, mee Ekipp as gewarnt well déi Mierscher als Opsteiger mat 6 Punkten aus 3 Matcher en exellenten Start higeluecht hun