Monnerech-Miedernach 2:1
Monnerech-Miedernach 2:1
De Match huet mat Verspéidung ugefaange, well ee vun de Linneriichter net opgedaucht ass. Den Ersatz war awer schnell op der Plaz an domat konnt et bei ganz schlechte Wiederkonditiounenlassgoen. Et huet dauernd gereent an den Terrain war plazeweis extrem déif an op anere Plazen ass de Ball trotzdeem zimmlech schnell ginn. Fir déi 2 Equippen war et wärend dem gesamte Match net einfach hiert d'Spill normal opzezéien.
No 13 Minutten huet et dunn och scho gerabbelt am Miedernacher Goal. D'Miedernacher waren am eegene 16ter am Ballbesëtz, konnten de Ball allerdéngs net klären an hunn sech selwer a Bedrängnis bruecht. Do huet eis Ofwier net gutt ausgesinn an domat lafe mir scho rëm engem Réckstand no. Den Doye konnt säi perséinleche Goalkonto fir dës Saison domat op 6 erhéijen.
Mat der Féierung am Réck huet Monnerech de Spillopbau de Miedernacher iwwerlooss. Bei deem Wieder war dat sécherlech taktesch clever, well si vun de ville Miedernacher Individualfeeler profitéiere konnten. Mais vill konkret Goalchancë koumen dobäi net zustanen. Kuerz virun der Paus dunn eng wonnerbar rausgespillte Chance vu Miedernach. De Pedro Ferro a Jeoffrey hunn mat enger Une-deux direkt puer Ofwierspiller a rout stoegeloss an dem Pedro säi Schoss huet de Goal ganz knapps verfeelt.
Déi 2t Hallschent konnten d'Zuschauer weider beobachte wéi Monnerech ofgewaart huet wat Miedernach sou schafft. Op dem schwéier bespillbaren Terrain gouf et ëmmer rëm Ballverloschter an dat op béide Säiten. E schéine Match war dat zu kengem Moment an hätt ee wuel besser am Airdome vun der FLF gespillt.
An der 62ter Minutt konnt alt nees de Pedro Ferro mat engem wonnerbare Fräistouss op sech opmierksam maachen. D'Latekräiz huet de Monnerecher Goalkeep an dësem Moment gehollef, well dëse wier chancelos gewiescht.
Kuerz drop dann awer e schéine Moment: Den Hoffmanns hire Louis dierft no senger laanger Verletzung wichteg Spillminutte sammelen. Den Urmedernacher huet mat senger Awiesslung den 2:0 misse materliewen (71. Minutt). E Monnerecher schiebt praktesch op der Gollinn de Ball eran, keen Abseits fënnt zumindest de Linneriichter.
An der 76ter Minutt ass de Michale Bakare vu Monnerech komplett iwwerdriwwen an en Zweekampf gaangen an huet sech berechtegterweis déi rout Kaart agehandelt. Mutwëllegerweis huet hien do eng schwéier Blessur vum Géigner a Kaf geholl an dat an enger Situatioun déi komplett ongeféierlech fir Monnerech war.
Miedernach huet elo alles no fir geworf an domat sinn natierlech an der Ofwier Lächer entstanen, déi Monnerech zu 10 Mann awer seelen ausnotze konnten. An der 90ter Minutt huet Louis dann nach den Uschlosstreffer fonnt, mais d'Zäit war ze knapp fir nach den Ausgläichtreffer ze fannen.
Nom Match dann nach puer onschéi Zeenen op der Tribün, wou e Miedernacher Supporter sech direkt mat puer Monnerecher uleeë wollt. Sou eppes muss, bei allem Frust a Provokatiounen am Virfeld, nu wierklech net sinn. Hoffe mer, dass mer nächste Weekend bessert Wieder, bessere Fussball an eng besser Ambiance erliewen duerfen.
Fazit: Bei sou engem Wieder entscheede besonnesch Klengegkeeten a Standardsituatiounen de Match. An dësem Fall hu mir de Kierzere gezunn. Nächste Weekend gi mir rëm alles fir de Punktekonto em 3 ze erhéijen. Allez Blo-Wäiss, huel se!