
Saisonoptakt 2021/2022
Medernach-Berbourg
1. Spilldag vun der Saison 21/22
No iwwer 300 Deeg coronabedengter Paus war et dese Samsden Owend erem souwait dass eis 1.Ekipp en offizielle Match am Championnat haat an daat zum Optakt vun der neier Saison geint Berbourg.
Bei summerlechen 30 Grad um Bloen Eck zu Stegen, konnt een gespaant sin wéi déi 2 Ekippen géingen mat der hetzt eens gin an an de Match fannen. Sou war et och an den eischten 15 Minutten en Oftaaschten vun den 2 Ekippen, woubai fir déischt d'Ekipp vu Berbourg op sech opmierksam gemach huet mat enger verongléckter Flank op Laat vum Medernach Goal. Mat deser Aktioun huet dann och de Medernach Wecker geschellt an déi Blo-Wäiss hun Heft an Hand geholl an mat engem Dräierpack de Score bannent 14 Minutten op 3-0 vrun der Paus gestallt duerch Goaler vun 2 Mol Jeoffrey de Oliveira an 1 Mol vum Sabin Yagremongo. Och ze ernimmen as , dass 2 vun deenen 3 Goaler haerlech vum Pedro Ferro virbereed goufen.
Leider as eben desen Pedro Ferro no der Paus verletzungsbedengt am Vestiaire bliwwen an gouf fir déi 2. Halschent vum Luca Dammicco ersaat. Och de Berbourger Trainer huet 2 mol gewiesselt a fir 2. Halschent probeiert nach Käschten aus dem Feier ze rappen.
Sou waren et och déi Berbourger, déi 2 Gäng eropgeschallt hun an Medernach emmer méi an Defensive gedreckt hun an an der 77. Minutt den Uschlosstreffer duerch den Adriano de Sousa markéiert hun, deen e laange Fraistouss aus kuerzer Distanz konnt erasetzen an de Match nach eemol onéideg spannend gemach huet. Berbourg as weider um Drécker bliwwen an konnten an der 84. Minutt op Eelefmeter duerch de Vincent Scholl op 2-3 verkierzen an et goufen nach 10 hetzeg Minutten, wou den Arbiter Stelmes dun an der 94. Minutt den Match ofgepaff huet an Medernach mat bessi Chance konnt den 3-2 Succès iwwert Ronnen brengen an 3 ganz wichteg Punkten um Bloen Eck konnt haalen.
Kuckt Iech de Match och nach eemol un an der RTL LIVE ARENA op rtl.lu (https://www.rtl.lu/sport/futtball/resultater/national/match?m=76309) oder op Kanal 93 vun POST TV.
E Sonnden, den 22. August as de nächste Match zu Scheffleng, wou Ekipp waert probéieieren Resultat vu leschter Saison ze confirméieren (2-2) an opmannst 1 Punkt aus dem Minett ze entféieren an sou mat engem klenge Punkepolster an Saison ze starten.
# FCBLOWÄISS #Huelse