SC Bettembourg

SC Bettembourg

Moral gewisen

 

Bloen Eck, 06.09.2020 : De FC Blo Wäiss Medernach empfänkt den Opsteiger vu Beetebuerg. Lescht Joer hunn déi 2 Equippen sech an der Coupe du Luxembourg getraff. Deemools war de SCB doheem héisch iwwerleeën a konnt sech labber duerchsetzen.

 

De Match ass nervös lassgaangen an déi 2 Equippen hu probéiert hiert d’Spill ze fannen. Denkbar ongënschteg ass dunn den 0:1 aus Miedernacher Sicht gefall. 2 Ofwierspiller an de Keeper sinn sech net eens ginn an de Cuny Valentin konnt dovu profitéieren. Mat engem schéine Lupfer huet hie seng Klass gewisen. Et war och hien, deen an der Virsaison mat 4 Goaler géint d‘Medernacher op sech opmierksam gemaach huet.

An der 31ter Minutt koum et berechtegterweis zu engem Handelefmeter fir den SCB. De Cuny huet d’Verantwortung iwwerholl a sécher verwandelt. 0:2 no enger hallwer Stonn a kee weess wéi dat geschéie konnt. Eigentlech haten déi Medernacher d’Spill am Grëff, mais d’Ausgangslag no 30 Minutten hätt net schlechter kéinte sinn.

De Blo Wäiss huet sech zréck an de Match erkämpft konnt sech an der géignerescher Hallschent festsetzen. Op der anerer Säit huet Beetebuerg de Wee net méi no vir gesicht. Hinne lung zu dësem Moment méi drun d’Spill lues ze maachen an all Aktioun auszenotze fir Zäit ze gewannen.  

No enger schéiner Aktioun vum Jeoffrey huet hien am 16ter d’Iwwersiicht behalen an dem Pedro de Ball iwwerlooss. 1:2!

Mat dësem Score sinn déi 2 Equippen dann och an de Vestiär gaangen. Zu dësem Moment konnt nach kee wësse wéi spektakulär déi 2 Hallschent sollt ginn.

Direkt no 2 Minutten huet de SCB am Numm vum Cuny Valentin (wee soss?) den 3-1 markéiert. Do waren déi Medernacher nach net richteg um Terrain. Scho rem 2 Goaler Ënnerscheed an de Frust war de Spiller an d’Gesicht geschriwwen. Mais just puer Minutte méi spéit war Schluss fir de Gomes vum SCB, giel-rout no engem iwwerflëssege Foul. Domat huet hie senge Faarwe keen Déngscht geleescht a Miedernach nom 1:3 Réckstand opgebaut. Gutt 10 Minute war Medernach um Drécker an dem Uschlosstreffer no. An der 63ter Minutt kum et no engem Corner zu enger ongléckleche Kapp géint Kapp Duell wou de Beetebuerger Romain Ney verletzungsbedéngt behandelt an ausgewiesselt misse ginn. De Match war eng 10 Minutten ënnerbrach. Op dëser Plaz wënsche mir him eng schnell Geneesung!

No dëser Paus huet Medernach du weider den Toun uginn. Grousschancë waren der genuch do, mais de Keeper vun de Gäscht huet säi Job net schlecht gemaach. An der 79ter huet et dunn awer am Netz gezappelt. De Joao Martins huet aus puer Meter ofgestaubt an domat de Score op 2:3 verkierzt. An de kommenden 10 Minutte stoung dunn den Arbitter oft am Mëttelpunkt. Ganzer 4 Mol gouf en Eelefmeter gefuerdert an net eemol huet den Arbitter gepaff. Aus Miedernacher Sicht war dat zimmlech frustréierend an net ze verstoen. Trotzdeem hunn d’Medernacher Jongen net opginn an konnten duerch e proppere Sonndesschoss vum Kapitän Pereira an der 92ter Minutt opmanst e Punkt sécheren. An der Nospillzäit hat Miedernach nach direkt puer super Chancen, wou ënner anerem och den agewiesselten Dany Lavinas Akzenter konnt setzen.

 

Fazit: 3 Mol Cuny ass fir Beetebuerg duergaange fir e Punkt matzehuelen. Eng staark Moral huet Medernach gewisen an hätt eigentlech missen als Gewënner vum Terrain goen. Op et lo 1 gewonnene Punkt oder 2 verluere Punkte si weist sech zum Schluss vun der Saison. Déi staark offensiv Leeschtung vun eiser Equip mécht Loscht op méi.

Ze bemierken ass och, dass eis Reserve freides e 0:3 Réckstand an en 5:4 emwandele konnten. Spektakuläre Weekend fir blo-wäiss also.

 

Nächste Sonnde fuere mir op Mamer, wou mir rem op är Ënnerstëtzung hoffen!