Schëffleng-Medernach
2 verschidden Halbzeiten
Sonnde 4 Auer, Fussball ! Endlech war et rëm souwäit. Mask un, Fanger desinfizéiert a lass.
Béid Equippen hunn am Virfeld intressant Matcher an der Virbereedung absolvéiert. No enger schwaacher Miedernacher Saison d’lescht Joer kann ee gespaant sinn, wéi sech d’Equipe vum Trainer Olivier Lickes des zweet Saison an der Éierepromotioun schléit.
D’Miedernacher Equipe ass gutt an de Match komm a konnt direkt am Ufank puer Goalchancen erausspillen. Sou war et de Pedro Dos Santos deen et an der 6ter Minutt probéiert huet. An der 19ter Minutt huet de Lucca Dammicco de Schëfflenger Golkipp per direkte Fräistouss gefuerdert. Schëffleng ass net sou gutt an de Match komm an huet virun allem iwwer schnell Fligelspiller hiert d’Gléck gesicht. Sou huet de Joao Martins scho fréi eng giel Kaart missen zéien a war fir de Rescht vum Match virbelaascht. No engem Opbaufeeler an der Schëfflenger Defense huet de Sabbin virum Goal gewise wat hie kann. Äiskal bréngt hien déi Miedernacher a Féierung.
Kuerz virun der Paus nach eng super Aktioun vum jonke Jeoffrey: Op der Bande setzt hien sech gutt duerch a bréngt de Ball geféierlech virun de Goal. De Pedro konnt de Ball unhuelen an huet et versicht, grouss Chance! Nëmmen 2 Minutten drop war et dunn de Kapitän, deen sech fir d’éischt virum 16ter duerchsetzt an dann de Ball an de Wénkel schéisst. Wonnerschéine Goal vum Dan Pereira!
De verdéngten 2:0 Avantage konnte mir leider net bis an d’Paus retten. Just eng Minutt drop (45+2) konnt Schëffleng verkierzen.
No der Paus dann e ganz anere Match. Vun Ufank un hat Schëffleng gewisen, dass si sech net mat dësem Score zefridde ginn. Ëmmer rëm hunn si et iwwer d’Säite probéiert an och eng oder déi aner gutt Goalchance erausgespillt. Sou huet de Loic an der 50ter Minutt duerch eng genial Parad déi éischte Kéier den Ausgläich verhënnert. An der 73ter Minutt kënnt e Schëfflenger Spiller am 16ter zu Fall. Den Arbitter huet net laang gezéckt an op de Punkt gewisen: Eelefmeter! De Loic hat zwar de richtegen Eck, mais konnt awer net verhënneren, dass et lo 2:2 steet. Spéitstens lo war jidderengem kloer, dass déi lescht Véierelsstonn ganz sauer fir déi Miedernacher kéint ginn. Trotzdeem koumen déi Miedernacher nom Ausgläich zu puer Chancen. Dem Pedro säi Fräistouss an der 77ter Minutt hätt eigentlech e Goal verdéngt gehat. An der 88ter Minutt huet e Schëfflenger Spiller missen en taktescht Foul zéien an huet domat e gudde Konter ënnerbrach. Giel-Rout war déi richteg Konsequenz. Ganz kuerz viru Schluss huet de Loic nach eemol seng Klass gewisen. E Ball, dee souwuel d’Miedernacher an d’Schëfflenger Supporter am Goal gesinn hunn, konnt de Loic mat enger wonnerbarer Reaktioun nach iwwert de Goal lenken. 2:2 Endstand!
Fazit: eng staark éischt Hallschent huet eis haut e Punkt bei engem ambitionéierten Opsteiger verschaaft. Dësen huet an der zweeter Hallschent gewisen, dass besonnesch hier Ausse ganz geféierlech kënne sinn. Jiddefalls kann ee gespaant sinn op déi kommend Matcher.
Nächste Géigner ass Beetebuerg, déi e Sonnden op de bloen Eck kommen. RDV wéi gewinnt um 16:00!
Nächste Géigner ass Beetebuerg, déi e Sonnden op de bloen Eck kommen. RDV wéi gewinnt um 16:00!