Spektakel

Spektakel

Wat ee Match um Freiden Owend hei zu Baastenduerf. Et ass hin an hir gaan.
 
Een freien Reckstand konnte mir an Persoun vum Len Kneip frei ausgläichen. Mee Baastenduerf konnt eng zweete Keier a Feierung goen. Mat dem Reckstand an enger Giel-Rouder geint eis sin mer zum Pausentei gaan.
 
Aus der Paus war et dun een annert Gesiicht wat Equippe gewissen huet. Bis zur 70ter hun sie aus dem 2-1 Reckstand eng 2-5 Feierung gemaach.
 
Fir eischt per Doppelschlag an 2 Minutten duerch den Ricky Almeida no engem Ofwierfeeler an dem Schimei Pita no 11m (Feeler um Len Kneip). Dann den Pedro Silva mat engem Distanzschoss an den Hayato Yamauchi mat engem Freistoussknaller aus 30m an de Wenkel. Mee dono ass Baastenduerf erem erwescht, mee mei no ewei 4-5 kummen sie net mei run.
 
Een Spektakel.