
Tabelleleader nom 2. Spilldag
Scheffleng-Medernach
Um 2.Spilldag huet de Wee an den déiwe Minett gefouert op Scheffleng, wou ee konnt op e spannende Match gespaant sin, wann een nach de Match vu leschter Saison am Hannerkapp haat. (2-2).
Sou as de Match och direkt no 7 Minutten mat der Schefflenger Féierung ugaangen, vun der rietser Sait as e Fräistouss geféierlech erakomm a vun der Laat op Linn gesprongen an de Frédéric Marques huet am schnellste réagéiert an zum 1-0 fir Scheffleng eragesaat. Dono as Medernach erwecht an huet sech och déi éischt Chancen erausgespillt duerch de Jeoffrey an de Sabin. An der 22. Minutt war et dunn sowait, de Jeoffrey zitt vun lenks an Mett, hellt sech en Haerz a schéisst aus 25 Meter de Ball ennen an de lenksen Eck. Nemmen 3. Minutten drop zitt den Felix Maillet aus gudd 35 Meter of, mee sain saate Schoss landt um Laatekraiz, do haet de Golkipp just nach kéinten de Ball aus dem Netz huelen goen. Wéi Medernach weider um Drécken war, faellt e weineg aus dem Naicht den 2-1, wou Medernach de Ball net aus dem Strofraum krut an de Protin, beschte Mann geschter bei de Schefflenger, Geleegenheet notzt an zum 2-1 kuerz vrun der Paus erasetzt.
Et konnt een gespaant sin, wei Medernach den 2. Reckstand an desem Match geing an der Paus verdauen. Direkt als 1. Aktioun vun der 2.Halschent zitt de Len Kneip iwwer riets an de Stroofraum eran a kann do just nach mat engem Foul gestoppt gin. De fällegen 11-Meter setzt de Sabin äiskaal eran an Kaarten goufen erem fresch gemescht. An de folgenden Minutten haat Medernach méi vum Match ouni awer décisiv vrum Goal ze sin. An der 80. Minutt huet den Jeoffrey dunn no enger schéiner Pass an Déift dem Goalkipp am 1 géint 1 keng Chance gelooss an mat sengem 2. Goal (de 4. des Saison!!!) op 3-2 fir Medernach gesaat. An de leschten Minutten, haet Medernach nach kéinten eng oder déi aner Konterattack méi genau auspillen an nach eventuell de Score op 4 oder 5-2 setzen. Et blouw schlussendlech beim 3-2 an et konnten 3 wichteg Punkten geint den Ofstiig zreck op de Bloen Eck bruecht gin an daat als Tabelleleader no 2 Spilldeeg.
Nächste Sonnden geet et zu Stegen weider mam 3. Spilldaag a mam klengen Derby tescht Medernach a Miersch, wou dann den Tabelleleader op den Tabelleleschten trefft, waat sou munch Experten vrun der Saison vlait anescht gesinn hun. Och do waerten déi Blo-Wäiss probéieren de vollen Asatz zu Stegen ze haalen an den Ofstand no ennen ze vergréisseren.