Testmatch geint d'UNA Stroossen

Testmatch geint d'UNA Stroossen

Haut spille mir en Testmatch géint UNA Stroossen um 16:00 bei eis doheem um Bloen Eck.
D'Veranstaltung leeft ënnert de Konditiounen vum Covidcheck. De Club stellt keng Tester zur Verfügung. Falls dir also nach virdrun e Schnelltest maachen wellt, muss dir dëse selwer matbréngen an virun der Dier ënnert Opsiicht maachen.

Merci dem Tino Coppi, deen net nëmmen wärend der Pandemie am Asaz war an deene Leit gehollef huet, déi op dës ugewissen sinn a waren, mais och fir eise Club Tester duerchféiert.