
Trainer Staff verlängert
Mir sinn houfreg a frou Iech matdeelen ze kennen, dass de Kontrakt mat eisem kompletten Trainer Staff verlängert gin ass.
Den Olivier Lickes huet 2019 déi schwéier a spannend Aufgab bei eis iwwerholl an huet eis no der Victoire leschte Weekend géint Schieren fir eng 5t Saison hannerteneen an der Éierepromotioun gehalen. Als jéngsten Trainer an der Éierepromotioun huet hie bis elo nach all klenge Réckschlag iwwerwonnen, a mat gudder a roueger Aarbecht, dat ganzt Vertraue wat de Veräin an hie setzt gerechtfäerdegt. Mir si frou mat him, bei eisem Projet eng Konstanz kennen ze hunn an eng staark Entwécklung an der Equippe ze gesinn.
Den David de Sousa an de Claude Schmit sinn och schonn zanter puer Joer dobäi an maachen am Hannergrond och eng wichteg Aufgab a sinn eng wichteg Stëtz fir den Trainer op eisem Wee.
Eisen Goalkeepstrainer Sascha Apitz bleift eis och weider erhalen an och do hunn mir vollste Vertrauen an seng gutt Aarbecht wat eis Goalkeeper ubelaangt.
Mir wenschen hinnen Bonne Chance op hirem weideren Wee mam Veräin.