Trainerstaff
Mir si frou iech matzedeelen, datt de ganzen Trainerstaff och fir d’Saison 2021/2022 bestoe bleift. Den Olivier Lickes gëtt dobäi ënnerstëtzt vum Lou Mannon an David De Sousa. Goalkeepstrainer ass de Sascha Apitz an den Vincent Verna bleift eis och als Sport- an Teammanager erhalen. Mir si frou, mat Kontinuitéit an voller Motivatioun déi nei Saison ze preparéieren.
D’Kaderplanung ass och voll um Gaangen a mir sinn immens frou, dass de Groussdeel vun eise Spiller laangfristeg beim Blo-Wäiss plangen. Mir stellen iech an den nächsten Deeg an kommende Wochen no an no eis Spiller hei vir.