Victoire bei eiskaalen Temperaturen

Victoire bei eiskaalen Temperaturen

Bei eiskaalen Temperaturen haate mer den SV Konz op Besuch. Sinn mer dei eischt Veirel-Stonn schweier an de Match komm, konnt den Dan per Foul-Eelefmeter um Gullit ausgleichen. Nodeems Konz rem a Feirung gaang ass, konnt den Unbekannt alias Bryan Maene mat engem Doppelschlaag de Match dreinen. 
 
Konnt Konz rem ausgleichen, hunn mer zum Schluss awer verdengt mat 6-3 gewonnen. Den Isidro aus der Distanz, Joao mat Schoss an de laangen Eck an Michy mat Käpper konnten sech an d‘Torschütze-Lëscht androen.
 
Nächsten an leschten Testmatch ass nächsten Samsden um 15:00 geint Bastenduerf.