
No der Saison ass virun der Saison
Nodeems mer gëschter gewanne konnten an de Maintien perfekt gemaach hunn, starte mer d’Saison 2023/2024 fir déi 5. Kéier noeneen an der Éierepromotioun.
Dei éischt gutt Nouvelle a Saache Kader-Planung kënne mer iech lo well ukënnegen. Mam Aristote Madiani kennt een offensive Spiller op de bloen Eck, deen 2008 bei den RC Lens a Frankräich gewiesselt ass. Do huet en déi sëlleg Jugend-Kategorien duerchlaaf an huet schlussendlech och Matcher an der Ligue 1 a Ligue 2 gespillt. 2017 war d‘Kapitel RC Lens riwwer an iwwer puer Zwëchestatiounen land den Aristote bei eis zu Medernach.
Desweideren gouf den Aristote Madiani 2012 fir d‘U18- an 2015 fir d‘U20-Auswahl vu Frankräich selektionéiert. Mir heeschen domat den Aristote Madiani häerzlech Wëllkomm um bloen Eck an wënschen him eng erfollegräich a verletzungsfrei Zäit.